Mir sinn ee Bauerenhaff, dee ganz villfälteg opgestallt ass, dat heescht mir hunn Freilandhenger, Anguskéi, Schoof, Pouleten, bauen ënnert anerem Sonneblummen an Äerdbier un a säit iwwer 4 Joer hu mer och eng Epicerie, direkt um Haff.
👉🏼 An eiser Epicerie fënnt een zum Beispill eis Wiseneeer, déi et eenzel, an der klassescher hallwer Dosen, an der praktescher Valisette, oder och am Kilo gëtt. Oc
h hu mer eng eege Metzlerei an eng grouss frësch Fleeschtheik, wou een eng schéin Auswiel un eisem Fleesch a weider hausmaacher Platen fënnt. Op Bestellunge bereed eis Metzlerekipp Eech och gäre fäerdeg Fleeschplateauen oder Grillkierf un. Nieft all dësem, fënnt een awer och eng Villzuel u weidere Produkter vu verschiddene regionale Produzente bei eis an der Epicerie - usech alles wat een am Alldag u Liewensmëttel ka gebrauchen!😊
🆕 Säit kuerzem hu mir och eis MeyrisBox24 wou Dir 7/7 kënt akafen👋🏻. Alles wat Dir braucht fir Zougang zu eiser MeyrisBox24 ze hunn ass een Account. Op eise Social Media Säiten an och op eiser Websäit fannt Dir méi Infos heizou. Ganz beléift sënn och d'Corbeillen, déi jidderee ganz individuell bei eis kann zesumme stellen an ee soumat ee ganz perséinleche Kaddo hot fir klenge Merci, besonnesch Geleeënheeten oder elo och fir d’Feierdeeg.
🔥 Iwwregens hu mir och all Samschdeg ‚Rotisseriesamschden‘ wou een op Bestellung frësch gegrillte Lët’Z Poulet oder Haxe krit.
🤝 Um Meyrishaff baue mir op kuerz Weeër a wëllen de Leit déi lokal Landwirtschaft an d’Produktioun vu Liewensmettel erem mei nobrengen. 😊