21/04/2026
Méi Iesswueren aus regionaler a bio-regionaler Produktioun 🥔🌾🥩🥬🥕🍐🍎, op kuerze Weeër vun eise Bauere bei de Konsument, dat ass ee vun den Ziler vum Nationalen Aktiounsplang fir eng nohalteg Ernärung 2026-2030.
D’Martine Hansen huet sech haut mat de Produzenten an de Responsabele vum Cactus Lëtzebuerg iwwer gemeinsam Interessen a Saache Promotioun vun de lokale Fleesch-, Kären-, Uebst- a Geméisfilièren ausgetosch.
Am Kader vu sengem Programm “Vum Lëtzebuerger Bauer” schafft de Cactus schonn a Partnerschaft mat 200 Lëtzebuerger Produzenten.