11/08/2026
🥚🥩 NEI 👉🏻 elo och gefruer Produiten aus eiser eegener Produktioun! 🥩🍳
Bei eis wësst Dir, wou et hierkënnt: eegen Produktioun, natierlech Opzuucht, ouni onnéideg Zousazstoffer, ouni Industrieproduktioun an GMO-fräi. 🌿
Eis Hénger ginn nieft hirem ausgeglachene Fudder och reegelméisseg mat Uebst, Geméis a Vitaminnen versuergt , deelweis ganz klassesch „à l’ancienne“, esou wéi et fréier um Haff üblech war.
An elo gëtt et eppes Neies an eisem Verkafsstand:
🆕 Nieft eisen extra frëschen Eeër fannt Dir elo och gefruere Fleeschprodukter vun eisen eegenen Déieren, hiergestallt a verschafft an Zesummenaarbecht mam Metzler „Beim Burg“.
🥩 Rëndfleesch a verschidde Fleeschprodukter
❄️ praktesch gefruer a prett fir matzehuelen
🐕 BARF-Produkter fir eis Hondsfrënn wäerten och dobäi sinn.
👉🏻 Profitéiert och vun eisen nëmmen deelweis verfügbare Këschte mat frësche Mix-Eeër: ronn 80–90 Eeër pro Këscht zu engem besonnesch attraktive Präis 🥚📦
Vum Haff, aus eegener Produktioun, éierlech, lokal an ouni onnéidege Schnickschnack. ❤️